Op den Inhalt sprangen

Haaptsäit

Vu Wikipedia
Wikipedia

Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!

Am Moment gëtt et 66.877 Artikelen an 132 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.

Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!

Wousst Dir schonn, datt…

  • … de lëtzebuergesch-amerikaneschen Erfinder a Science-fiction-Auteur Hugo Gernsback (1884-1967) sech a senge Geschichten eng ganz Rëtsch technesch Konzepter ausgeduecht huet, déi eréischt an de Joerzéngten duerno developpéiert konnte ginn?

Artikel vun der Woch

Eng Sonnendäischtert, Eklips oder Sonnefënsternes ass en astronomescht Ereegnes, bei deem, vun der Äerd aus gesinn, d'Sonn duerch den Äerdmound ganz oder deelweis verdeckt gëtt.

De Wénkelduerchmiesser vun der Sonn a vum Mound hu bal déi selwecht Gréisst, sou datt de Mound d'Sonn vollstänneg bedeckt a sou eng total Sonnendäischtert entstoe kann. D'Spuer vum Kärschiet vum Mound, déi dobäi op d'Äerd fält ass e puer honnert Kilometer breet. Vum Hallefschiet gëtt dogéint ongeféier d'Hallschent vun der Äerduewerflächendagessäit getraff, sou datt vun do aus d'Däischtert vun der Sonn zwar och, awer nëmme partiell gesi gëtt.

Fir datt et eng Sonnendäischtert gëtt, mussen d'Sonn, de Mound an d'Äerd méiglechst genee op enger Linn stoen. Wéinst der Ekliptik vun der Moundbunn ass dat nëmmen bei all fënneftem oder sechstem Neimound de Fall. Et gëtt verschidden Aarte vu Sonnendäischterten: partiell an total Sonnendäischterten. Zu Lëtzebuerg war déi rezentst total Sonnendäischtert den 11. August 1999 an huet ronn 140 Sekonne gedauert. Déi nächst ass eréischt de 14. Juni 2151... > méi

Aner Artikele vun der Woch

Op engem 21. Mäerz

Net den Datum vun haut? Klickt hei fir Äre Cache eidel ze maachen oder mellt Iech un!
1685: Gebuert vum däitsche Komponist Johann Sebastian Bach.
1804: De Code Napoléon trëtt a Frankräich a Kraaft.
Eugène Ruppert
Eugène Ruppert

1839: De russesche Komponist Modest Mussorgski kënnt op d'Welt.
1864: De Lëtzebuerger Ingenieur Eugène Ruppert gëtt gebuer.
1871: Den Otto von Bismarck gëtt däitsche Reichskanzler.
1910: Doud vum franséische Fotograf, Schrëftsteller, Zeechner a Loftschëffkapitän Nadar.
1920: Gebuert vum franséische Regisseur Éric Rohmer.
1944: Déi franséisch Schauspillerin Marie-Christine Barrault kënnt op d'Welt.

Méi iwwer: … den 21. Mäerz… soss en Dag2026

Kierzlech Verstuerwen

Jürgen Habermas
Jürgen Habermas

Éischter am Joer - änneren

E Bléck op…

Aner Wikimediaprojeten

Meta-WikiMeta-Wiki– Koordinatioun CommonsCommons– Medien WiktionaryWiktionnaire – Dictionnaire WikibooksWikibooks – Léierbicher WikiquoteWikiquote – Zitater WikiversityWikiversity – Léierplattform WikisourceWikisource – Quellen WikinewsWikinews – Noriichten WikidataWikidata – Wëssensdatebank WikivoyageWikivoyage – Reesguiden MediaWikiMediaWiki – MediaWiki-Software WikispeciesWikispecies – Datebank fir Liewewiesen WikifunctionsWikifunctions – Funktiounsbibliothéik