Op den Inhalt sprangen

US-Dollar

Vu Wikipedia
US-Dollar
Typ Wärung, Dollar
Land Vereenegt Staate vun Amerika
Ënnereenheet Cent
ISO-Code USD
Zentralbank Federal Reserve System
Agefouert 1792
ersetzt Ecuadoreschen Sucre, Delaware Pond, New Hampshire Pond, New Jersey Pond, South Carolina Pond, Rhode Island Pond, North Carolina Pond

Den US-Dollar (USD) ass zanter dem 2. Abrëll 1792 déi offiziell Wärung vun den USA.

1 Dollar ass an 10 Dime oder an 100 Cent ënnerdeelt.

Den US-Dollar ass 1792 mam Coinage Act offiziell agefouert ginn, deen de Dollar als Basis vun engem dezimale Wärungssystem festgeluecht huet. Ursprénglech war de Wäert u Gold a Sëlwer gebonnen, wat d'Stabilitéit sollt garantéieren. Am 20. Joerhonnert huet de Dollar eng zentral Roll am internationale Finanzsystem iwwerholl. Nom Zweete Weltkrich gouf hien duerch de Bretton-Woods-System u Gold gekoppelt an als Referenzwärung fir vill aner Wärunge benotzt. 1971 hunn d'USA dës Goldbindung opgehuewen, wouduerch de Dollar zu enger Fiat-Wärung gouf, där hire Wäert haaptsächlech duerch wirtschaftlecht Vertrauen an d'Roll vun den USA an der Weltwirtschaft bestëmmt gëtt. Haut ass den US-Dollar déi meescht benotzte Reserv- an Handelswärung op der Welt.

Mënzen am Ëmlaf

[änneren | Quelltext änneren]
Nennwäert Recto Verso Portrait Motiv Gewiicht Duerchmiesser Déckt Material Bord
1 Cent
„Penny“
Recto Penny Verso Penny Abraham Lincoln bis 2008 Lincoln Memorial
2009 wiesselnt Motiver
zanter 2010 Wopeschëld
2,50 g 19,051 mm 1,55 mm 97,5 % Zn
2,5 % Cu
glat
5 Cent
„Néckel“
Recto Néckel Verso Néckel Thomas Jefferson Monticello
2004/05 wiesselnt Motiver
5,00 g 21,21 mm 1,95 mm 75 % Cu
25 % Ni
glat
10 Cent
„Dime“
Recto Dime Verso Dime Franklin D. Roosevelt Olivenzweig, Fakel, Eechenzweig 2,27 g 17,91 mm 1,35 mm 91,67 % Cu
8,33 % Ni
118 Riffel
25 Cent
„Quarter“
Recto Quarter Verso Quarter George Washington bis 1998 Wäisskappséiadler
zanter 1999 wiesselnt Motiver
5,67 g 24,26 mm 1,75 mm 91,67 % Cu
8,33 % Ni
119 Riffel
50 Cent
„Half dollar“
Recto Half Verso Half John F. Kennedy Sigel vum President 11,34 g 30,61 mm 2,15 mm 91,67 % Cu
8,33 % Ni
150 Riffel
1 Dollar
„Buck“
Recto Dollar Verso Dollar Sacajawea bis 2008 fléiende Wäisskappséiadler
zanter 2009 wiesslent Motiver
8,10 g 26,50 mm 2,00 mm 88,5 % Cu
6 % Zn
3,5 % Mn
2 % Ni
glat
zanter 2009 Inschrift
1 Dollar
„Buck“
Recto Dollar Verso Dollar President vun de Vereenegte Staaten
(Motivserie)
Fräiheetsstatu 8,10 g 26,50 mm 2,00 mm 88,5 % Cu
6 % Zn
3,5 % Mn
2 % Ni
Inschrift

Billjeeën am Ëmlaf

[änneren | Quelltext änneren]
Nennwäert Recto Verso Portrait Motiv vun der Récksäit
1 Dollar George Washington Schrëftzuch „ONE“ a béid Säite vum Staatssigel
2 Dollar Thomas Jefferson Ënnerzeechnung vun der Onofhängegkeetserkläerung (Tablo vum John Trumbull)
5 Dollar Abraham Lincoln Lincoln Memorial
10 Dollar Alexander Hamilton Finanzministère vun de Vereenegte Staaten
20 Dollar Andrew Jackson Wäisst Haus
50 Dollar Ulysses S. Grant Kapitol
100 Dollar Benjamin Franklin Independence Hall
Fir d'lescht 1945 gedréckt; 1969 zeréckgezunn; kann ee weiderhi mat bezuelen
500 Dollar William McKinley (schrëftlech Représentatioun vum Nennwäert)
1.000 Dollar Grover Cleveland (schrëftlech Représentatioun vum Nennwäert)
5.000 Dollar James Madison (schrëftlech Représentatioun vum Nennwäert)
10.000 Dollar Salmon P. Chase (schrëftlech Représentatioun vum Nennwäert)
Net an Ëmlaf bruecht, kee legale Besëtz méiglech:
100.000 Dollar Woodrow Wilson (schrëftlech Représentatioun vum Nennwäert)
 Commons: US-Dollar – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]